Regele fir den 2 géint 2 Turnéier vu Samsdes*

·        Den Tournoi fänkt um 12:00 un. D’Spiller së gebieden, eng hallef Stonn virum Ufank um Site ze sënn.

·        Gespillt gëtt op 3 Terrain’en. D’Equippen sënn Mixte (Fraen & Männer). Et gëtt a Poole gespillt. Gespillt gëtt no den offiziellen Beachvolleyballregelen:

·        Et duerfen maximal 3 Ballberéierungen pro Säit gemaach ginn, dono muss den Ball op der annerer Spillsäit ukomm sënn.

·        Den Block zielt hei als Ballberéierung. Nom Block duerf den Spiller allerdings wéi am normalen Volleyball nach eng Kéier den Ball spillen.

·        Den 1. Ball duerf net mat enger Pass ugeholl ginn.

·        Den 2. Ball, d‘Pass, muss propper gespillt sënn.

·        Iwwert d’Netz duerf een net mat der Pass spillen, et sief dann et wier onabsichtlich bei der Pass mat der Manchette op den Attaquant geschitt.

·        Den Ball muss attackéiert, mat enger einfacher Receptioun, oder mat deem sougenanntenen „poke shot“  iwwert d’Netz gespillt ginn. Et ass net erlaabt, d‘Bäll mat der „oppener Hand“ riwwer ze spillen.

·        Pro Saz huet all Equipe een Time-Out vun 30 Sekonnen zegutt.

·        D’Netz duerf zu kengem Moment vum Ballwiessel beréiert ginn.

·        D’Equippen arbitréieren an zielen hir eege Matcher.

 

 

*Bei Ofwäichungen, bedingt duerch d'Unzuel vun den Equipen déi sech umellen, vum geplangten Reglement (z.B. Spillzäite pro Match) gi dir per E-Mail, resp. SMS ugeschriwwen. Dofir vergeesst  net eis di néidig Kontaktdaten matzedeelen fir ee super Oflaf vun eisem Tournéier ze garantéieren.

Mir wëllen och nach eng Kéier un är Fairness appelléieren an Eech dorunner erënneren dat et net erwënscht ass wann dir eegent Gedrénks ausser Waasser matbréngt. Merci

 

 

.