Regele fir den 4 géint 4 Turnéier vu Samsdes a Sonndes*

·        De Start vum Tournoi ass um 11h00. D’Equipe së gebiede fir 10h30 um Site ze sënn, fir sech anzeschreiwen, an eventuell nach d’Startgeld ze bezuelen. All Equipe muss och zu dësem Moment ee Kapitän nominéieren an deem säi Virnumm souwéi och säin Nonumm ofginn.

·        Et duerfe maximal 2 lizenséiert Spiller pro Equippe matspillen.

·        Gespillt gëtt op 4 Terrainen. D‘Matcher ginn deelweis op Zäit an deelweis op Punkte gespillt. Dee genauen Oflaf gëtt den Dag selwer matgedeelt. Et musse maximal 4 Spiller vun all Equipe um Feld stoen. All Equipe gëtt am Viraus opgeruff, an ass da gebiede bei de Mann mam Mikro (Radio Kiischpelt) säin Ziedel sichen ze goen, an sech duerno a Richtung Terrain ze beweegen. Wann eng Equipe net ënnerhalb vun 2 Minutten um Terrain steet, huet dës Equipe de Match Forfait verluer. Feelen déi 2 Equipen, geet den dueble Forfait ugewannt.

·        Et duerfen 3 Ballberéierunge pro Säit gemaach ginn. De Block zielt net als Touche. Et ass ee Juxtournoi, also soll de Jux och am Virdergrond stoen. D’Regele wéi d’Iwwergräifen oder ee gehuewene Ball ginn deemno net gepaff. Soubal awer een d‘Netz "matwech" hëlt, gëllt dat als Feeler. Et gi keng 2 Punkten Ënnerscheed gespillt an ee Match kann och no 7 Minutte gläich ausgoen.

 

*Bei Ofwäichungen, bedingt duerch d'Unzuel vun den Equipen déi sech umellen, vum geplangten Reglement (z.B. Spillzäite pro Match) gi dir per E-Mail, resp. SMS ugeschriwwen.
Dofir vergeesst  net eis di néidig Kontaktdaten matzedeelen fir ee super Oflaf vun eisem Tournéier ze garantéieren.

Mir wëllen och nach eng Kéier un är Fairness appelléieren an Eech erënneren dat et net erwënscht ass wann dir eegent Gedrénks ausser Waasser matbréngt. Merci

Aller au haut